De gréissten Adventskranz aus dem Land?

De gréissten Adventskranz aus der Gemeng Manternach (oder vläit esouguer aus dem ganze Land) steet zu Berbuerg am Haaptmann's Schlass. Kierzlech hat d'Seniorenheem op hire järleche Chrëschtmaart invitéiert, wou en dee risegen Adventskranz bestaune kommt. Och de Kleesche war sech den Adventskranz ukucke komm, dee mat engem Duerchmiesser vun ca. 2,2 Meter an engem Gewiicht vun ca. 50 Kg definitiv en "Hinkucker" ass. Entstanen ass dës Aarbecht zesumme mam Boermerenger Blummebuttek, mat der Dekoratioun vun enger Mataarbechterin aus dem Haaptmann's Schlass a mat der generéiser Ënnerstëtzung vun der Amicale vum Haaptmann's Schlass.