Grouss Scheckiwwerreechung vum Kulturveräin Beeler - Leetem

Viru kuerzem huet de Comité vum Kulturveräin Beeler-Leetem am Sall zu Beeler dem Foyer ÉISLEKER HEEM vu Lellgen, dem AUTISME vu Boxer an der APEMH vun Housen je een Scheck vun 3000 Euro iwwerreecht.

Leider si schon säit eng etlech Joeren keng aktiv a jonk Memberen dem Comité bäigetrueden, sou datt ët dem President an dem Comité manifestement nët einfach gefall ass dëss Décisioun ze huelen an de Veräin no 30 Joer opzeléisen.

Bei dëser Geleegenheet seet de President och all de Memberen een grousse Merci datt Si iwwer all déi Joeren mat vill Häerz, och während der Corona-Zäit dem Veräin trei bliwwe sinn. Een zouverlässege Comité, deen ëmmer do war wann e gebraucht gouf, de villen Ënnerstëtzer, sou wéi och der Gemeng Wäiswampech.

Nach dëst Joer wärt een Liquidateur dem Veräin seng fräiwëlleg Liquidatioun aleeden a propper ofwéckelen.