1monthfree

Gaart an Heem Bech ënnerstëtzt “Op de Patten” mat generéisem Don

Den 21. Februar 2025 huet de Gaart an Heem Bech am Kader vu senger Generalversammlung e Scheck vun 1.300 Euro un “Op de Patten”, eng Initiativ vun der SOLINA Solidarité Jeunes a.s.b.l., iwwerreecht. “Op de Patten” bitt therapeutesch a pädagogesch Interventiounen mat Déieren un, fir Kanner a Jugendlecher aus schwieregen Ëmstänn ze ënnerstëtzen.

D'Initiativ ass op Spenden ugewisen, déi fir d'Haltung an d'Versuergung vun den Déiere souwéi fir d'Entwécklung vun therapeutesche Programmer genotzt ginn. Dank der Ënnerstëtzung vu Veräiner kann “Op de Patten” seng wichteg Missioun weiderféieren an ausbauen, fir de Betraffenen eng innovativ an empathesch Begleedung ze bidden.