D‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech um Chrëschtmaart zu Tréier

D‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech um Chrëschtmaart zu Tréier

An der zweeter Adventswoch hunn d‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech hiren alljärlechen Ausfluch gemaach.

Hiert Zil war dës Kéier déi wonnerschéi Réimerstad Tréier mat deem traditionelle Chrëschtmaart, wou een allméigleches gesinn huet wat d‘Chrëschtzäit nach kéint verschéineren.

Esou wéi d‘lescht Joer ware si mam Schëff Marie-Astrid ënnerwee a goufe mat herrlechem Iessen a flotte Sprëch vum sympathesche Schëffspersonal verwinnt. A wonnerbarer Atmosphär ass vill gelaacht awer och iwwer wichteges geschwat ginn. E friddlechen a gemittlechen Dag op der schéiner Musel deen si alleguer sou bal net wäerte vergiessen.