Op dem Nationale Gedenkdag huet och d‘chrëschtlech Gemeinschaft aus der Por Jean XXIII vu Bartreng sech virum Monument afonnt, fir un déi Bartrenger Jongen ze erënneren, déi hiert d‘Liewen am Krich verluer hunn. Den neien Här Paschtouer Tristan Häcker huet mat treffende Wierder ëm de Seegen fir all déi gebiet, „déi am Krich gestuerwen, blesséiert, entrecht oder soss iergendwéi gezeechent gi sinn“. D‘Chorale Ste Cécile huet d‘Heemecht ugestëmmt an duerno fir e festlechen Oflaf vun der Mass gesuergt, déi fir d‘Affer vum 2. Weltkrich gefeiert gouf. An d‘Gebiet ageschloss goufen all Mënschen, déi haut ënnert de barbaresche Kricher uechtert d‘Welt ze leiden hunn oder op der Flucht sinn. An der Priedegt huet den Abbé Häcker awer och un d‘Befreiung vu Lëtzebuerg erënnert an d‘Parallel zur gëttlecher Rettung vum Vollek Israel aus der Babylonescher Gefaangenschaft gezunn. D‘Hoffnung op Fräiheet a Fridden, déi esou zum Ausdrock komm ass, war e wichtegen Deel vun der Mass, déi wéi all Eucharistiefeier een Akt vu Solidaritéit mat deene Mënschen ass, déi duerch Gewalt stierwen oder leide mussen. All Mass ass jo ee Protest géint Onmënschlechkeet an een Appell, den Däiwelskrees vun der Gewalt ze duerchbriechen. Dat ass zwar eng relativ stëll Manéier, fir ze manifestéieren, mä et ass eng reegelméisseg, déi Dag fir Dag, Woch fir Woch erfollegt. Wat de Patréiner vun der Por, de Johannes XXIII., a senger berühmter Enzyklika "Pacem in Terris" geschriwwen huet, bleift e permanenten Opdrag: "Allen Menschen guten Willens ist eine Aufgabe gestellt: unter dem Leitstern der Wahrheit, der Gerechtigkeit, der Liebe und der Freiheit in der menschlichen Gesellschaft neue Wege der gegenseitigen Beziehungen zu finden."
Text: Guy Weirich
Foto: Diane Didling