" No 25 Joer Schaffen a Wudderen am Garer quartier huet de "Groupe Animation-gare" seng lescht Aktioun den 28.Januer 2025 ausgeféiert. Am Home Sacré Cœur goufen deen Owend 8 Associatiounen mat je engem chèque iwwer 5.250.-€ beschenkt. Dëst woeren : Air Rescue, Fondation Cancer, Fondation Lëtzebuerger Scouten a Guiden, Fondation Sainte Irmine, Ile aux Clowns, Ordre de Malte , Stëmm vun der Strooss a Veiner Bildchen. "