1monthfree

Wiessel un der Spëtzt vum Vintage Mustang Club vu Lëtzebuerg

Am Kader vun der Generalversammlung vum Vintage Mustang Club vu Lëtzebuerg ass et zu engem Wiessel un der Spëtzt komm. De laangjärege Präsident Nic Jungers, Matgrënner vum Club, huet no 35 Joer säi Récktrëtt bekannt ginn. Hien huet den Zepter un den Donny Wagner weidergereecht, dee selwer och säit der Grënnung vum Club dobäi ass. Den Nic huet all di Joren e groussen Engagement gewisen an de Club zesummegehal. Als Unerkennung un all di Aarbecht, huet de Kommitee him e flotte Kaddo vum Kënschtler Hilaire Diedenhofen iwwerreecht.

De glongenen Owend ass bei engem gudde Patt op en Enn gaang.