Scheckiwerrechung vum Gaard an Heem Uespelt (Streckcours)

Gaart an Heem Uespelt asbl

Hëllef fir d’Associatioun: ‘‘Zaubere mat Stoffrëschter fir Prématureeën a Stärekanner’

Als Ofschloss vum Stréckcours huet de Gaart&Heem Uespelt nach emol d’Aschreiwungsgeld un dës Associatioun weiderginn, déi ee grousse Besoin huet un Hëllef. Dës Vereenegung, gegrënnt 2018, huet sech jo zur Aufgab gemaach, mat gesammelte Stoffreschter Gezei ze bitzen fir Stärekanner, Frühchen oder och Puppelcher aus anonyme Gebuerten. Si hëllefen och d’Gebuertsstatioune vun de Maternitéen an der Clinique Dr. Bohler mat hirer faarweg-frouer Bettwäsch ze verschéineren, an de Famillen e besseren Openthalt ze gestalten. Den Eltere vu Stärekanner ginn si an dësen donkelen Zäiten ee besonneschen faarwege Moment mat op de Wee.

Mee och wann si vill Stoff geschenkt kréien, brauchen di fläisseg Néieschen dach eng 12 000€ bis 15 000€ pro Joer fir all aner Material ze kafen, wéi Knäpp, Zwier, Borden asw. All finanziell Ënnerstëtzung ass bei hinnen häerzlech wëllkomm. Et kann een neierdéngs och gebitzte Kaddoen fir Kanner a Puppelcher fannen op hirem Internetsite, géint eng fräiwëlleg Finanzsprëtz.

Si kënne gäre kontaktéiert ginn iwwert zauberematstoffreschter@email.lu

Eis Monitrice Pascale Wallenborn-Genson huet gären op hir Entschiedegung verzicht, fir dës wäertvoll Aarbecht ze ënnerstëtzen. Merci Pascale !