Gëlle Rousen vun der Ligue CTF

De 5 Mee 2024 huet de Gaart an Heem Uespelt asbl seng langjäereg Membere geéiert.


Am Kader vun enger Kaffisstuff goufen 9 gëlle Sektiounsofzeechen, 23 gëlle Verbandsofzeechen, an net manner wéi 26 'Gëlle Rousen' vun der Ligue CTF iwwerreecht.


De Verband gouf representéiert vun der Presidentin Dr. Martine Mergen, souwéi den Dammen Alix Weimerskirch an Chantal Wirtz.


Fir de musikaleschen Encadrement huet d'Uespelter Musik gesuergt.