Football
Duerch e richtegen Kraftakt huet d' Poussins-Ekipp vum FCJJ bei herrlechem Summerwieder de Wiichtel Tournoi beim FC Victoria Rosport gewonnen.
Desen Tournoi ass eenzegarteg am Land well op kleng Goler (2x1m) gespillt gett an zu 4 géint 4 op engem Terrain vun 25 op 12 m.
Duerch ganzer 8 Mätscher à 12 Minutten hun d'Jongen sech gekämpft, éier si um Enn als Gewënner vun deser flotter Fussball-Formule vum Terrain gaangen sin an d'Coupe konnten an Empfank huelen. Op dem Wee dohinner hun si enner aneren d'Etzella Ettelbréck, Hesper, den Avenir vu Beggen, Rosport an Hermeskeil aus dem Wee geraumt, fir sech an der Finall mat 5-2 géint d'Entente Aischdall duerchzesetzen.
Um Terrain stungen: Erwin Hasanovic, Xavier Cordeiro, Charel Goergen, Felix Maillet, Loris Wilwert an Nuno Malheiro.
D'Spiller hun de Verantwortlechen vu Rosport Merci gesoot fir dee flotten Tournoi a fréen sech schon op next Joer.