Generalversammlung vun der Heischter Musik

Viru kuerzem hat d’”Heischter Musik” op hir Generalversammlung 2024 invitéiert. Hei huet d’Presidentin Anne Mousel d’Gemengen- an d’UGDA-vertrieder, grad wéi och all uwiesend aktiv an nët-aktiv Memberen begréisst an dobäi e grousse Merci un d’Gemeng, un d’Sponsoren an un d’Musikanten a Comitésmemberen fir hir Ënnerstëtzung an Aarbecht dat ganzt Joer iwwer geriicht.


Uschléissend huet d’Sekretärin Liza Mousel dat vergaangent Joer mat senge sëllechen Aktivitéiten Revue passéiere gelooss woubäi den traditionellen Galaconcert Enn Januar an den Heischter Maart Enn Juli als Haaptmanifestatiounen ervirstiechen.


Nom Aktivitéitsbericht huet de Keessjee John Sliepen en detailléierten a kontrolléierte Bericht vun der gesonder finanzieller Situatioun vum Veräin presentéiert an ass heibäi och op deen allgemengen administrative Volet vun de Veräiner am Benevolat agaang, deen duerch rezent Gesetzännerungen ëmmer méi komplex gëtt.


Well de John Sliepen turnusméisseg als Comitésmember austriedend war an och en zweete Comitésposten säit engem Joer net besat war, goufen déi motivéiert Musikantinnen Annike Janssen an Diane Sliepen als eenzeg Kandidaten direkt an de Comité gestëmmt.


No dëser deelweiser Erneierung vum Comité goufe verschiddene Médaillen vun der Veräinspresidentin a mat der Hëllef vum Här Marc Thill (UGDA) an der Madame Mireille Welter (Gemeng) un déi verdéngte Musikanten iwwerreecht. Dës goungen vun 5 bis 50 Joer Engagement am Veräin.


Ee besonneschen Ament gouf et wéi dono d’Hären Serge Hermes a Fernand Kirsch fir hir laangjäreg Fonctioun am Comité geéiert goufen. Heibäi kruten de Serge Hermes (während 22 Joer President) an de Fernand Kirsch (während 33 Joer Sekretär) den Éierentitel vun hirer jorzéngtelaanger Fonctioun zougesprach. De Claude Storn, deen no senger aktiver Zäit als Comitésmember dem Veräin nach ëmmer mat Rot an Dot zur Säit steet (besonneg am gastronomesche Beräich), krut och e passende Kaddo iwwerreecht.


Als Ofschloss vun der Generalversammlung hunn den Här Thill vun der UGDA an d’Madame Welter vun der Gemeng kuerz Dankeswierder un d’Versammlung geriicht an d’Wichtegkeet vum Veräinsliewen ervirgehuewen. Den Owend gouf bei engem gemittleche Patt ausklénge gelooss.