Op de Portes ouvertes vum Bouneweger Lycée gouf eng flott Tombola fir de gudden Zwéck organiséiert, souwéi verschidde Verkafsstänn, déi eis hausmaacher Produiten verkfa hunn. Dobäi koum eng Somme vun 2700€ eran, déi intern awer och extern opgedeelt ginn ass.
Dobäi hu mir de Plooschter Projet mat 1000€ ënnerstëtzt, deen den 18. Mäerz bei eis am Lycée 317 nei potentiell Stammzellespender konnt registréieren. E grousse MERCI och un eis Fournisseurs, déi besonneg grouss Lousen/Donen fir d' Tombola ginn haten.