Aweiung Kannerwee Groussebësch

De Sonnden, 5. Mee, ass et op d'Spuere vum Maarkollef sengem Räich gaangen. Den éischte Kannerwee an der Gemeng Nidderaanwen, bei deem d'Kanner de Bësch spilleresch kenneléiere sollen, gouf nämlech ageweit a vill Awunner.Innen hunn de Wee mat hire Kanner an de Groussebësch fonnt, fir bei dësem schéine Rendez-vous an der Natur mat dobäi ze sinn.