E generéisen Geste.

Ewéi schonn an der Vergaangenheet huet Kleederstuff Miersch och dëst Joer erëm 3 Organisatiounen aus dem medezineschen a sozialen Beräich mat 15.000 € ënnerstëtzt. Esou waren et d´Association Luxembourgeoise du Diabète, d´Fondatioun Kriibskrank Kanner an d´Fondation Luxembourg Air Rescue déi jeeweils 5.000 € entgéint konnten huelen. Et handelt sech dobäi em den Erléis vum Second Hand Kleederverkaaf deen all Donneschdes Mëttes am Lokal vun der Kleederstuff, vis-à-vis vun der Mierscher Kierch, stattfënnt. Bei enger klenger Feier hunn d´Vertrieder vun deenen 3 Organisatiounen sech héich erfreet gewisen iwwer dëse generéisen Geste a soten deenen 11 Benevollen vun der Kleederstuff Miersch en häerzleche Merci.

More news by Arnold Teusch >