Päschtmoundig um Përmesknupp 2024

20
May
2024
20 May

“Kloert Waasser wëll ech Iech ginn, -an der sidd fräi vun allem Béisen an allem Misère: am Numm vun eisem Papp am Himmel-” Sou huet den Helligen Pirminus an sengem Religionsbüchlein “Scarapsus” geschriwwen.-Op hien dobäi un eis Quell um Përmesknupp geduecht huet?- Et wier gutt miggelich, well et gëtt säit Joerhonnerten erzielt dass hien bei eiser Quell, um Përmesknupp, seng krank Aen geheelt krut an seng Bestëmmung als Verkënniger vum Glawen erkannt an akzeptéiert huet. Dës Platz huet säin Numm kritt an och haut nach kommen vill Leit heihinner fir gehollef ze kréien.

De Pirmin awer ass Missiounsbëschof genannt ginn an matt der Protektioun vum Karl Martell, dem Här vun de Franken, weider op de Bodensee gezunn. Op der Insel Reichen-Au huet hien 724 eng dichtig Abtei gegrënnt . Do kënnen se dëst Joer 1300 Joer Grënnung vun hirer Abtei duerch den Hl. Pirmin feieren.

Wir knüpfen ein Band sou ass hiere Motto fir dëst Jubeljoer. – dat dichtigt Klouschter huet Joerhonnerten laang säi Wëssen a säi Glawen verbreet ewer och seng Gaschtfrënnschaft gelieft fir gutt Relatiounen matt der ganzer deemoliger bekannter Welt opzebauen. Sou soll dëse Moto och an eiser moderner Zeit e Band vu Bezéiungen knëppen matt alle Mënschen déi virwëtzeg sinn an sech fir déi reliéis an kulturell Schätz vum Weltkulturierwen vun der Insel Reichen-Au interesséieren an begeeschteren. Och d’Përmesfrënn Kauneref wëllen en klengen, en ganz klengen, ewer staarken Fuedem zu dësem symbolische Band bäidroen. 1974 wéi op der Reichen-Au 1250 Joer gefeiert guffen, war eisen Grënner den Här Abbé Pierre Ries zesummen matt engem zu där Zeit nach ganz jonken Mënsch do präsent . Mer wäerten och dëst Joer matt vill Stolz, de Përmesknupp an d‘Përmesfrënn bei hieren Festlichkeeten vertrieden. Mer sinn am Verglach mam Klouschter vum Bodensee ganz bescheiden, kucken awer och op eng läng, ganz lang Geschicht zeréck.

Wie all Joer wäerten mer och dëst Joer zesummen matt ville Pilger an Pilgerinnen de Päischtmoundig am Undenken un den hl. Pirmin an all déi vill Mënschen déi hei gewierkt an geschafft hunn, fir jidderengem Hëllef an Bäistand ze leschten a Freed a mat Würd gedenken

Hei de Programm :

09h00 Départ vun de Pressioun zu Éiere vum Hellege Pirmin bei der Porkierch zu Kauneref.

10h00 Feierlech Mass mat Festpredigt vum Här Dechen Edmond Ries.

No der Mass, Seenen vun de Quellen an der Pirminus Kleiss’chen.

“ De Bur leeft monter Joer fir Joer, seng Kraaft gung nie verluer.

Daat Waasser mecht äis d‘ Aen esou kloer an d’Séil wéi nei gebuer...” Auszuch Pirminuslidd