Märr erënneren eis on de Resistenzler Hw. Théodore LESCH

E por Gedanken iwwert d’Resistenz zu Lëtzebuerg am zweete Weltkréich

Zum Enn von den 30iger Joeren hot sech déi Säit der Our eppes gedunn, wat vill Lëtzebuerger Kappzerbreeches gemach hot. Am Mee 1939 hon d’Leckt an den Dierfer nach mat der leschter Grimmel Hoffnung op eng friddlech Welt e Fräiheetsbôm fir eis honnertjäreg Onofhängegkeet geplanzt, ma et sollt nët méi fir laang Zäit sënn.

A wéi dunn dat däitscht Räich nom Uschloss von Éisträich, no der Annexioun vom Sudeteland a vo Béimen a Mieren, op engem Mëttwoch, den 1. September 1939 och nach Polen ogegraff hot, war dat Schlëmmst nët méi ze verhënneren. Doropshin hon Groussbritannien a Frankräich dem Nazidäitschland de Kréich erkläert an domat hott den Zweete Weltkréich ogefongen.

Am Fréijoer 1940 goufen dunn op alle Brécke von der Our, der Sauer an der Musel Bléck aus Bëtong a Stol opgeriicht. Ënnert der Ofsécherung von der Arméi sënn Bëtongsblockaden an Eisepaarten op den Grenzbrécke opgebaut ginn an esou sollt eng däitsch Invasioun an d’Land verhënnert ginn. Do haten d’Fransousen hir Maginot-Linn, d’Rumänier hon on der Carol-Linn gebaut a märr haten d’Schuster Linn, déi nom Joseph Schuster benannt gouf, deen als Baukondukter d’Orbichten geleet hot.

Déi Stroossespäre waren eng héich politesch a symbolesch Aussoe fir déi fragil Lëtzebuerger Neutralitéit géintiwwer Nazidäitschland. Hir militäresch Bedeitung blouf allerdéngs kleng an d’Liewensdauer von deene Grenzbefestigungen war kuerz. E groussen Afloss op d’Weiderkomme von der Wehrmacht haten se nët.

Wärend der Zäit, déi den 1. September 1939 ugoung, an och als “drôle de guerre” bezeechent gouf, ass am Lëtzebuerger Raum nët vill geschitt. Et ass zwar am Dräilännereck, südlech vo Schengen, zu vereenzelten Zesummestéiss vo franséischen an däitsche Patrulle komm, mä dobäi blouf et. Lëtzebuerg hott seng Neutralitéit zum Ausdrock brocht wéi d'Pilote vun engem franséische Fliger, dee bei Feelen noutgelant war, wéinst der Lëtzebuerger Neutralitéit an d'Klinick op Ettelbréck ageliwwert an do bewaacht a festgehale goufen.

Den 10. Mee 1940, moies um 4.35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d'Belsch on. Géint der Owend ass ganz Lëtzebuerg besat an de facto annektéiert.

Déi ganz Lëtzebuerger Regierung, ausser den Minister Nicolas Margue, konnt sech nach an der Nocht op den 10. Mee no Frankräich an dorno, iwwer Spuenien a Portugal, an England duerchschloen.

Och der Groussherzogin Charlotte an hirer Famill ass et an allerleschter Minutt gelongen d'Grenz fir a Frankräich hin ze passéieren. Wéinst de Kampfhandlungen am Süde vom Land hot de ganze Minett missen evakuéiert ginn, een Deel an d'Frankräich an deen aneren Deel, ronn 47 000 Persounen, an den Zentrum an an den Norde vom Land. No Päischten, wéi alles sech berouegt hat an d'franséisch Truppen sech hanner d'Maginot Linn zeréckgezunn haten, konnten si eréischt an den zerstéierte Minett zeréckgoen.

1946 schreift de Paul Weber Geschichte Luxemburgs im zweiten Weltkrieg

Aus dem „Echternacher Freundeskreis“, engem Groupement von Iechternacher Studenten, entsteht am Mee 1940 lues iewer mat vollem Asaz déi éischt Resistenzorganisatioun LPL. De 4. September 1940 gët se vom Student Raymond Petit gegrënnt an hot sech dunn iwwert ganz Land verbreet. Eng von hiren Haaptaktivitéite war d’Verbreedung vo Fluchziedele bei der Persounestandsopnam am Oktober 1941. An och nach nom Dout vom Raymond Petit war d’LPL om Oprouf zum Streik am August 1942 géint d’Aféierung von der Wehrpflicht bedeelegt.

Bal zur selwechter Zäit honn zu Clierf den zwangspensionéierten Douanier von Uewerwampech, Alphonse Rodesch, an de Paschtouer vo Wäicherdang, Théodore Lesch, eng Resistenzorganisatioun LPL gegrënnt. Den Här Rodesch (1883) an de Paschtouer Lesch (1904) waren e Stéck méi al wéi de Student Petit (1920) an se haten den éischte Weltkréich schonn materlieft. Fir den Här Rodesch war d’LPL eng Vereenegung mat Wuerzelen an där Zäit. Am Géigendeel zur LPL Rodesch hat de Raymond Petit seng LPL Petit duerch an duerch strukturéiert an hir och Statute ginn. Hien hat och en Entworf wéi Lëtzebuerg sollt weiderregéiert ginn, wann d’Nazien d’Flemm hätten an aus dem Land wären.

Wéi den VdB (VolksdeutscheBewegung) ëmmer méi Zoulaaf krut an och méi Afloss, hot den Här Rodesch mat senger LPL en éischten Fluchziedel verdeelt an d’Bevölkerung op d‘Hannerhältegkeet von de Naziën higewisen. An et koumen von him och nach eng ganz Rëtsch vo patriotische Photo’en.

De sougenannte Spéngelskréich war eng von den éischten Episode von der lëtzebuergescher passiver

Resistenz géint d'Besatzung vom Drëtte Räich zu Lëtzebuerg.

En éislécker Jong, de Student Josy Fellens vo Wilwerdang hot probéiert déi zwou LPL Resistenzorganisatioune beieneen ze bréngen. Den Alphonse Rodesch an de Raymond Petit hon sech getraff a matenee geschwat, ma et sollt nët zum Zesomeschloss kommen. Vläicht war den Altersënnerscheed d’Ursaach an d’Temperamenter ze ënnerschiddlech. Opmannst ho se sech respektéiert an haten dat selwecht Ziel, och wann de Wee dohinner nët dee selwechte war.

D’Aktivitéite vo béiden LPL ware wäit gespreet. Hëllef an Ënnerstëtzung fir Persounen, déi von der Gestapo gesicht goufen ass organiséiert ginn an dofir ass dat noutwendegt Geld ënnert de Membere gesammelt ginn. Et sënn Fluchtweeër geséicht ginn fir déi, déi op der alliéierter Säit kämpfe wollten. Mat franséischen a belschen Ënnergrondorganisatiounen ass Kontakt opgeholl ginn, an zouverléisseg Verbindunge mat London ho missen hiergestallt ginn.

Durch déi ominéis „Personenstandsaufnahme vom 10. Oktober 1941“ wollt de Gauleiter

Simon d’Land Lëtzebuerg „Heim ins Reich“ féieren. Mat Äntwerten op dräi Froe sollten

d’ Lëtzebuerger sech ongewollt „zur deutschen Abstammung“ bekennen, an dat sollt esou ausgesinn.

Fro 5 - Jetzige Staatsangehörigkeit - Luxemburger

Fro 7 - Muttersprache - Deutsch (Luxemburgisch gilt nur als Dialekt)

Fro 8 - Volkszugehörigkeit - Deutsch (Luxemburgisch zählt nur als Stammeszugehörigkeit)

D’Resistenzorganisatioun hat d’Gefor séier erkannt an duerch Fluchziedelen d’Leit opgekläert.

Lëtzebuerger - Lëtzebuergesch - Lëtzebuergesch sollten d’Leit mat Tënt an d’Rubrike 5-7-8 androen an dat hon déi meescht dann och gemat. Duerch Stéchprouwen, déi de Gauleiter duerchféiere gelooss

hat war him kloer gin, datt e mat engem Fiasko misst rechnen. Dorop hot hien duerch eng „Anordnungzur Personenstandsaufnahme“ an den Zeitunge bekannt gemaach „dass die Ausfüllung der Zählkarte

zu unterbleiben hat.“

Ma dem Gauleiter séng Äntwert hott nët laang op sech waarde gelooss. Vom 13. Oktober 1941 on ass eng nei Lawin vo Veruerdnungen iwwert d’Lëtzebuerg era gebrach an dono as hie brutal ginn.

De 16. Oktober sën déi lescht Judden op Litzmannstadt oftransportéiert ginn an d’Gielemännercher honn iwwerall d’Ouere gespëtzt, fir eraus ze fannen, wou ,,d’ Rädels-führer“ von der Resistenz an d’ Schreiwer von de Flugblieder géiwe sëtzen.

D’Resistenzler honn och mol probéiert fir den Okkupant ze sabotéieren. Dacker goufen Dréit oder Telefonskabelen ofgepëtzt oder aner Tricke gedréit, wat dann och erëm zu Repressalie gefouert hott.