Internationalen Dag vun der Handhygiene an der Maison de Soins Waasserbëlleg

De 6. Mee 2024 hunn d’Mataarbechter vum Fleegeheem Waasserbëlleg eng ganz Rei vun Aktivitéiten am Kader vum Internationalen Dag vun der Handhygiene (5. Mee) gemaach. Dës Initiativ war u Personal, Bewunner an hir Famillen geriicht fir d'Wichtegkeet vun der Handhygiene ze sensibiliséieren a bescht Praktiken ze promoten.

D?Anke Bracker, Chargée de Qualité vum FLeegeheem seet: "Eng opfälleg Aktivitéit war de Live-Training, bei dem eng innovativ "schwaarz Këscht" benotzt gouf fir d'Effekter vun net desinfizéierten Hautgebidder mat UV-Liicht ze demonstréieren. Dës impressionnant Demonstratioun huet d'Wichtegkeet vun enger grëndlecher Handhygiene gewisen andeems Gebidder visualiséiert goufen, déi dacks vernoléissegt ginn an eng potenziell Quell si vu Keimen".

Nieft dëser Formatioun huet d’Fleegeheem en Informatiounsstand organiséiert, deen eng Rei Pfleeg- an Desinfektiounsmëttelen virgestallt goufen. Donieft gouf Informatiounsmaterial vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère iwwert déi national Campagne verdeelt fir d'Participanten iwwert Best Practices an d'Wichtegkeet vun der Handhygiene z'informéieren.

Als Deel vun der Sensibiliséierung goufen Trainingsvideoe gewisen, déi detailléiert Instruktioune fir eng korrekt Handdesinfektioun ubidden. Dës Videoen hunn et méiglech gemaach déi richteg Techniken ze léieren a se an deb Alldag ze integréieren.

Fir hiert Wëssen ze konsolidéieren, konnten all Participanten e Quiz beäntweren, fir deen d'Direktioun attraktiv, kleng Präisser geliwwert huet.

E besonneschen Highlight vum Dag war déi kreativ Aktivitéit, wou d'Mataarbechter zesumme mat den Bwunner geschafft hunn, Hänn aus Salzdeeg ze formen.

"Dës kënschtleresch Aktivitéit huet net nëmmen d’gemeinschaftlecht Engagement gefördert, mee och als Erënnerung un d’Wichtegkeet vun der Handhygiene op eng spilleresch an zougänglech Manéier gedéngt", sot d'Nicole Margraf, Directrice des soins a gläichzäiteg Référente d'hygiène vum Haus.

Ausserdeem huet d‘Groupe Socio an Zesummenaarbecht mat de Bewunner Schnittercher a Gebäck a Form vun Hänn zerwéiert. Dës kulinaresch Kreatiounen waren net nëmmen lecker, awer och e „conversation starter“ fir d'Bewosstsinn fir d‘Wichtegkeet vun der Handhygiene ze verdéiwen.

No Ausso vun der Directrice vum Fleegeheem, dem Mireille Wirtz, war den Internationalen Dag vun der Handhygiene en erfollegräichen a sënnvollen Event. D'Varietéit vun den Aktivitéiten huet gehollef fir d‘Sensibilitéit ze erhéijen, bescht Praktiken ze förderen an e gesond a séchert Ëmfeld fir Personal, Bewunner an hir Famillen ze schafen.