Generalversammlung

10 Joer Natur- & Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

Virun engem gutt gefëllte Sall zu Méideng an der aler Schoul, hunn d'Natur- & Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hier Generalversammlung iwwert d’Joer 2023 ofgehalen. Dobäi waren och Vertrieder vun de Gemenge Conter, Schëtter a Sandweiler, esou wéi vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun(LDF).
D’Präsidentin vun de NaGIS, Suzette Schmit-Lehnertz, huet d’Gäscht begréisst an alle Memberen a Sympathisante vun de lokalen Natur- a Geschichtsfrënn e grousse Merci fir hiert Engagement gesot. E Réckbléck op dat vergaangent Joer, Aktivitéiten a Finanzen, a virun allem op dat 10järegt Bestoe vun de NaGIS stoungen am Virgrond vun der Versammlung. Op der Dagesuerdnung vun hirer Generalversammlung huet de Veräin sech mat senge Memberen och mat deem néien ASBL-Gesetz befaasst. Heibäi sinn da mat integraler Majoritéit vun de präsente Leit, iwwert déi duerfir besteeënd Prozedur, d’Statuten un d’Gesetz vum 7. August 2023 ugepasst ginn.

No dem offiziellen Deel vun der Generalversammlung hunn Natur- & Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hiert zweet Buch virgestallt, an och schonn un déi éischt Intressenten ausgeliwwert. Dëst flott Wierk wat frësch aus dem Drock kënnt, behandelt ënnert dem Thema „Zur Arbeit unserer Vorfahren“ d‘Aarbecht vun den Duerfleit an der Vergaangenheet. Weider fannt dir an dësem Buch e Réckbléck iwwert d’Bestoen an d’Schaffe vun de NaGIS an de leschten 10 Joer. Dëst Kapitel gëtt mat e sëllechen Illustratiounen a Fotoen ergänzt. Dir kënnt dat Buch duerch Iwwerweise vun 35 € op den CCP LU37 1111 7019 5967 0000 vun de NaGIS bestellen.