De 17. Abrëll hunn d'Meedercher vun der Première A 1975 vum Fieldgen sech erëmgesinn.
Eng Klassekomerodin hat eis zu sech heem agelueden, an alleguer zesummen hu mer fir e gudden hausgemaachte Buffet gesuergt.
Mir hunn deen Owend genoss an eis erëm richteg jonk gespuert. Allerhand Erënnerungen hu mer ausgetosch, mer hu vill geschwat a vill gelaacht.
Well et esou flott war, hu mer decidéiert eis méi oft ze gesinn, an d'nächst Joer eis 50 Joer Première grouss ze feieren.