Generalversammlung Përmesfrënn - 50 Joer - Ofschloss vun de Feierlichkeeten

Ofschloss vun de Feierlichkeeten vum Cinquantenaire, awer och de Startschoss fir déi nägst 50 Joer - Përmesfrënn Kauneref

Sou wie mer am Mäerz 2023 d’Feierlichkeeten fir eise Ciquantenaire, an der Erënnerung, un eis Grënnungsmemberen an all déi Leit déi sech an der Vergaangenheet fir den Helligen Pirmin an de Përmesknupp agesat hunn, ugefong hunn, sou war et kloer dass mer am Mäerz 2024 an enger Mass a klenger Feier all deenen Merci gesot hunn déi et äis erméiglecht hunn dëst formidabelt Jubeljoer um Përmesknupp ze erliewen, allen virop dem Hl . Pirmin deen äis beschützt an begleet huet.

Matt e bëssen Nostalgie awer an grousser Dankbarkeet hu mer op dat Joer zeréck gekuckt. Merci all deenen Leckt an Institutiounen déi eis mat Rot an Dot an och dem néidegen Drot zur Säit stoungen. Mer sinn immens stolz op eis ganz Trupp déi vill geleescht huet, déi geplangt an geschafft huet, déi sech zesummen gefreet huet an sech och emol gestäipt huet wann et néidig war

Mer hunn am beschten Sënn vum Wuert - Liewen - op de Përmesknupp bruecht. Vill Leit vun no an vun wäit hunn de Përmesknupp, den Hl. Pirmin an vill aner Personnagen aus der Vergaangenheet kennen geleiert. Esou vill Musik an enger magischer Stëmmung huet de Përmesknupp nach ni erlieft.

Jo et ass eriwwer, - et ass gedoen - sou hu mer schonn matt enger klenger Tréin am Knepplach festgestallt.- Awer mer se jo Optimisten - Neen et ass néck eriwwer an et ass néck gedoen, et war just de Startschoss fir déi nägst 50zig Joer.

Dat war schonn e puer Deeg méi spéit op eiser Generalversammlung ganz kloer. Den Tätegkeetsbericht vun 2023 huet all Grenzen gesprengt. 12 Säiten waren zesummen komm, an mer hunn äis kuerz gefaasst. Och de Finanzbericht war eng Iwwerraschung – eng immens positiv Iwwerraschung. Sou war et eng Freed fir eis Kasserevisoren an d‘ganz Versammlung eisem Keesier an dem Sekretariat matt engem éierlechen Applaus Merci zesoen fir hir Uerbicht.

Een Zeechen vun eiser gudder Zesummen Uerbicht am Komité 50 Joer Përmesfrënn Kauneref weist sech doran datt ënettlich Leit sech bereet erkläert hun elo och am regulären Komité matt ze schaffen. Matt groussem Applaus sinn Sie opgeholl gin. Eisen Komité sëtzt sech lo esou zesummen: Thilmany Marianne, Presidentin / Staudt Willy, Vicepresident / Nickels Josette, Sekretär / Lorang Guy, Keessier / Wehles Marco, Paschtouer / Membren: Feyerstein Joel, Kieffer Christian, Kieffer Erny, Gira Daniele, Kasel Stéphanie, Kieffer Philippe, Morbé Romaine, Nicks Tim

De Start fir déi nägst 50 Joer ass gefall an den Aktivitéitsprogramm fir 2024 ass gutt gefëllt. Uerbichten um Terrain, un der Kleiss’chen an un der Kapell se geplangt. D’Ausgruewungen gi weider. Mer huelen deel un den “Deeg vun den oppenen Kierchen” an u “Rendez-vous aux jardins 2024” vum 31.5.- 2.6. an zwar mat Porte ouverte Fregdes a matt zwou Promenaden duerch d’Joerhonnerten Samschdes a Sonndes allkéiers um 15 Auer. (Umeldung ass erwënscht www.stpirminkaundorf.lu/event-list )

D’Mass zum Enn vum Schouljoer, de Jeeër hir Mass am Oktober an de Stäeremarsch e puer Deeg viru Krëschtdaag....

Op éischter Plaz awer Päschtmoundig den 20sten Mee matt Pressioun, Festmass mat Priedegt vum Här Paschtouer Edmond Ries an uschléissender Seegnung vun der Quell. Eis häerzlech Invitatioun un Iech Alleguer. Matt iech zesummen kënne mer de Përmesknupp an d’Veréierung vum Hl Pirmin gesond an monter duerch eis modern an dacks iwwerflächlech an hektisch Zeit féieren - Liewigen Përmesknupp - soll och eisen Motto sinn fir déi nägst 50 Joer.